Symbioblog
Onse Blog ob lëtzebuergesch ...
Du wëlls ee Welpen ?
Dass de Mënsch esou geckeg mat Hënn ass, ass ganz sécher keen Zoufall. Den Hond ass ee Liewewiese mat héije soziale Kompetenzen a bréngt engem eng Gesellschaft déi soss keen Hauséier bidde kann. An awer däerf een net vergiessen dass et een Hond ass, den deementspriechend kommunizéiert, den sech deementspriechend entwéckelt an deementspriechend verhält. De Virdeel vum Hond ass awer och dass e gutt Upassungsfäegkeete besëtzt. Hei ass et awer un ons him bäizebrénge wéi een sech richteg am Mënscheliewe verhält a sech soumat och voll a ganz integréiert.
ECH FANNEN DEI SOU SCHEIN !
Déi meeschte Persounen déi sech een Hond wëllen zouleeën, sichen sech eng Rass aus déi hinnen optesch gefält. Leider gëtt hei vill ze oft vergiess dass et net dat ass wat am meeschten an d'Gewiicht fält wann et ëm een harmonescht zesummeliewe geet. Do ginn et zwee méi wichteg Punkten iwwert déi een sech am Vierfeld Gedanke maache sollt :
1. Woufir ass d’Rass geziicht ginn ?
2. Fir wéieng Gesondheetlech Problemer ass d’Rass besonneg ufälleg ?
Déi meeschte Rassen si Gebrauchshënn, dat heescht dass se geziicht goufe fir ee bestëmmte Job fir de Mënsch z’erleedegen. Se bréngen also deementspriechend Verhalensmustere genetesch mat déi een zwar duerchaus am Grëff behale ka wann een sech richteg uleet, mee op kee Fall komplett ausschalte kann. Et muss een also bereet sinn am Alldag domat ze liewen an dat néidegt ze maache fir dass et net ee Störfaktor fir iech an äert Ëmfeld gëtt. Wann een sech am Virfeld gutt informéiert huet, dann ass een och duerno net iwwerrascht wann den Hond zum Beispill een ausgepräägt Juegdverhalen oder Wuechtverhalen weist, an et ass en drop virbereet dass een dem Hond senge Bedürfnisser nokomme muss fir dass en ausgeglach ass, a soumat och keng Verhalensopfällegkeeten entwéckelt.
Do dernieft muss en sech och doriwwer informéiere fir wéi eng Krankheeten d’Rass besonnesch ufälleg ass. Dat erméiglecht net nëmmen sech een Ziichter auszesichen den seng Zuchtselektioun gewëssenhaft mécht, a soumat probéiert d'Risiken op ee maximum ze reduzéieren, mee et erméiglecht och sech bewosst ze gi wat fir Veterinärskäschten op een duer kéinte komme wann d'Genetik et trotz gudder Selektioun et awer bei ärem Mupp net gutt gemengt huet.
ZÄIT A GELD ?
Fir dem Hond senge Bedürfnisser gerecht ze ginn, muss een och den zäitlechen a finanziellen Aspekt mat a kaaf huelen. Och den klengsten oder rouegsten Hond muss regelméisseg eraus, dat ass wichteg fir seng Gesondheet a säin Wuelbefannen.
Een Hond muss all Dag qualitativ gefiddert ginn, reegelméisseg entwuermt ginn, reegelméisseg geimpft ginn a bei Krankheet bei de Veterinär an d'Behandlung goe. Et muss een och mol Congésdeeg opfere wann een den Hond bei Krankheet net länger oniwwerwaacht loosse kann. Generell kann ee soen dass bei schlëmmer Krankheet déi gewëssen diagnostesch Verfaren a Behandlunge braucht, d'Veterinärskäschte extrem schnell a konsequent klammen. Eng Gesondheetsassurance mat engem järleche Plafond vun 2500,00 € mécht hei d'Bëtschel och net méi fett. A bei enger chronescher Krankheet oder enger degenerativer Krankheet gehéieren d'Behandlungskäschten zum méintleche Budget. Wann een d'Chance huet déi éischt aacht Joer ee gesonden Hond ze hunn, da bleift alles finanziell iwwersiichtlech, mee och bei esou engem Gléckspilz gëtt et spéitstens am Seniorenalter méi käschtenintensiv.
An da kënnt nach di Saach mat der Vakanz ... Aaah, den Hond geet mat sot dir ? Ma wonnerbar ! Good luck fir eppes muppefrëndleches ze fanne wat äre Budget net zevill sprengt. Oooooh, den Hond geet awer net mat ? Kee Problem, da geet en an d’Hondspensioun ! Dovunner ofgesinn dass dës och net geschenkt sinn, ass spontan fort goen hei keng Optioun. Dir musst mol fir d’éischt eng gutt Pensioun fanne wou den Hond net gestéiert erëm eraus kënnt. Dann muss ee laang genuch am Viraus plange fir sech eng Plaz ze sécheren, an dat virun allem wann et an der Schoulvakanz soll sinn.
DO WAR DACH NACH EPPES ?
Ah jo, d’Erzéiung ! Denkt w.e.g. drun dass och de familljenfrëndlegsten Hond sech net vun eleng erzitt. Egal ob et ee mini oder risegen Hond gëtt, et ass a bleift ëmmer een Hond, fir den dir déi zwee éischt Joer vill Zäit a Schweess an d'Erzéiung investéiere musst. Och hei däerf dir de finanziellen Aspekt net aus den Ae loossen, well eng kompetent Hëllef déi iech keng Geschicht vun der grénger Geess zielt, kascht och genuch Geld !
NACH EMMER NET OFGESCHRECKT ?
Ma dann félicitatioun, dir sitt op den Hond komm !